Vierwaldstättersee
Vum 31. Mee bis den 5. Juni 2026
Vum 31. Mee bis den 5. Juni 2026
Am laf vum Moien steet de Bus vun AS Tours am Agank vum Park, prett fir eis an d'Schwäiz ze féieren.
Dernieft steet och eng Camionnette fir är Vëloen optimal ze transportéieren.
Eisem Frënd an Comitésmember Albert säin vollklimatiserietre Bus féiert eis dann, gemidlech vun Colmer bis an den Hotel bei Luzern. An Freides, den 5. Juni, no enger hoffentlech flotter Woch zréck op Colmer.
Ze erwänen bleift, dass d'Reess an den Hotel vum Albert senger Equip recherchéiert an geplangt gouf. Sollt also een vun Iech eng Busreess plangen, géif ech Iech wäermstens dem Albert seng Equip recommandéieren.
Elo schonns, Merci Albert fir däin Asaz, an besonnesch deen intressante Präis.
Am spéiden Nometten. Antreffen am Hotel Seeblick Kastanienhof zu Kastanienhof
Hei schons epuer Andréck vum Hotel :